wLOG_07

Haut fält et mer schwéier op englesch ze schreiwen, sou dass ech dëse Bäitrag op lëtzebuergesch tippen. Well ech samschdes dee ganzen Dag Formatioun hat, huet sech mäi Weekend zimlech kuerz ugefillt. Ech hu sonndes du vum angenehme Wieder profitéiert a mol rëm e längeren Trëppeltour iwwer d’Gewan gemaacht. Als Podcast fir ënnerwee hunn ech ee Virtrag vum Jordan B. Peterson gelauschtert. Mäi Podcatcher ass an der Lescht ëmmer zimlech gutt gefëllt, sou dass ech wuel kaum viru menger nächster Vakanz dozou komme wäert, d’Listen Now Section eidel ze kréien. Mee sou wéi ech mech kennen, wäert et just en optimistescht Zil bleiwen, dat ech genausou wéineg erreeche wäert wéi meng Reading List am Safari ze kierzen. D’Haaptsaach ass allerdengs sech iwwerhaapt en Zil ze setzen oder, fir et am Jordan Peterson senge Wierder auszedrécken:

A stupid plan is way better than no plan.

image source: